Frage | Antworten | |||
---|---|---|---|---|
1. Fir d'éischt d'Kotlette vum Judd wäschen an e puer Stonne a kalem Waasser leie loossen. De gereezte Judd soll dono eng 2 bis 3 Stonnen an enger Britt gekacht ginn.
|
||||
2. Geméis dobäi maachen: eng Porrett, Muerten, eng Ënn, e bëssen Zelleri, e Lorberblat, Neelcheskäpp, Peffer an, wann een et gär huet, e Schotz Rivaner.
|
||||
3. D'Boune beim Judd ginn an enger Mielzooss preparéiert.
|
||||
4. Bounekraitche kleng schneiden, eng Zwiwwel an e bësse Speck dobäi ginn: Fir d'éischt Botter an enger klenger Kasseroll op klengem Feier schmëlze loossen an alles gutt vermëschen.
|
||||
5. D'Boune dobäi ginn, mat Salz a Peffer wierzen an een Iessläffel Miel bäiginn. Alles 20 Minutte kache loossen.
|
||||
6. An der Tëschenzäit Grompere schielen, wäschen an am Salzwaasser kachen.
|
||||
7. D’Gromperen ofschëdden a püréieren. Mat Salz, Peffer a Muskatnoss wierzen an um Enn zwee Eegiel derbäiginn.
|
||||
8. De Judd, d’Gaardebounen an de Purée op eng flott Manéier dresséieren.
|
||||
9. A prett ass et!
|